Dir sidd genee wéi mir ongedëlleg fir déi nei Saison? Da markéiert iech den 22. August an ärem Kalenner. Bei eisem Sangria Afterwork komme mir fir e gesellegen Nomëtteg an Owend zesummen – dat bei engem erfrëschenden Drink an eppes leckerem ze iessen.
Wéi och scho lescht Joer wäert eng Strëpp hei fir déi richteg Stëmmung suergen.
Mir hoffen, e ganze Koup vun iech op der Gemengeplaz ze begéinen a freeën eis op ee flotten Afterwork zesumme mat iech.
